Testo De Feierwohn

Testo De Feierwohn

De Feierwon dén as bereet, E päift durch d'Loft a fort e geet, Am Dauschen iwer d'Stroos vun Eisen, An hie geet stolz den Noper weisen, Dat mir nun och de Wee hu fond, Zum éiweg grousse Völkerbond, Refr.: Kommt hier aus Frankräich, Belgie, Preisen, Mir wellen iech ons Hémecht weisen, Frot dir no alle Säiten hin, Mir welle bleiwe wat mir sin. Frot dir no alle Säiten hin, Mir welle bleiwe wat mir sin. . Mir hale fest un onser Scholl, Vu Léift fir d'Land sin d'Hiezer voll; Wa mir och keng Milliounen zielen, Dir gëtt ons uechter d'Welt ze wielen; Mir ruffen all aus engem Monn : Ke bessert Land beschéngt jo d'Sonn ! . D'Natur, déi laacht ons iwerall, Si rëscht de Biereg an den Dall Mat Fielse wéi gewalteg Riesen, Stret Blummen iwer Gart a Wisen: Ké Keppchen Ierd, wou Halm a Räis Net riede vun dem eise Fläiß De Feierwohn de leit bereeht Fir de lechte Prais den hei eraus geet Dann daucht et widderd Kaepp daht Eisen Da werd dir mol gesinn dir knachteg Praisen Dass mir genug hun vun ärem Gestank Hei am Letzebuerger Land. Leckt ons am Asch dir knachteg Praisen Mir werden iech d?Lach scho weisen Fro dir no alle Seiten hin Leiwer well ma stierwen ier ma Praise gin
Testi Michel Lentz